
Bis ewell goufen 49 Leit, déi an de Kontrolle gestoppt goufen, net an Däitschland eragelooss. Eng legal Basis, fir d’Prise en Charge vun dëse Persounen, gëtt et iwwerdeem net.
De Léon Gloden deelt dann och net d’Interpretatioun vun den däitschen Autoritéiten, datt d’Lutte géint d’illegal Immigratioun am Esprit vum Schengen-Accord ass, a widdersprécht dëser Argumentatioun, well se net am Text vum Accord virgesi wieren.
Wann Däitschland d’Kontrolle weider verlängert, wier och eng Saisie vun der EU Kommissioun méiglech, sou den CSV-Policeminister.
De Sujet vun de Grenzkontrollen gëtt en Donneschdeg nach emol an der Chamberplenière debattéiert.