D'Police mellt49 Joer ale Jorge Miguel de Oliveira gëtt zanter e Freideg den Owend vermësst

RTL Lëtzebuerg
De Mann gouf e Freideg den Owend fir d'Lescht gesinn an hat déi nämmlecht Jackett un, wéi och op der Foto.
© RTL / Police

Wéi d’Police e Samschdeg an der Mëttesstonn mellt, feelt vum 49 Joer ale Jorge Miguel de Oliveira zanter e Freideg den Owend ëm 17.50 Auer all Spuer. De Mann ass 1,70 Meter grouss an huet eng normal bis korpulent Figur, deelt d’Police mat. Hien hätt donkelbrong bis schwaarz Hoer, déi him bis bei d’Schëllere ginn, an déi hien entweder op oder an engem Wutz huet.

Wou de Jorge Miguel de Oliveira fir d’Lescht gesi gouf, hat hien e wäisse T-Shirt an eng schwaarz Bomber-Jackett wéi op der Foto un. Wien Informatiounen doriwwer huet, wou dee Vermësste sech kéint ophalen, ass gebieden, sech um Stater Policebüro ze mellen, dat ënnert der (+352) 244 40 1000 oder per E-Mail u police.luxembourg@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO