
Den iraneschen President Massud Peseschkian huet annoncéiert, d’Ugrëff op aner Länner an der Regioun anzeschränken an huet sech bei den Nopeschlänner entschëllegt, “déi vum Iran ugegraff goufen.” Zanter dem Ufank vum Krich leschte Weekend koume bei iraneschen Ugrëff an den anere Golflänner 13 Mënschen ëm d’Liewen. D’Iwwergangsregierung am Iran hätt “decidéiert, datt keng weider Ugrëff op d’Nopeschlänner gestart ginn, ausser, een Ugrëff op den Iran geet vun dëse Länner aus”, esou de Peseschkian an enger Ursprooch am Staatsfernsee.
Iwwert dem Fluchhafe vun Dubai gouf iwwerdeems wéi et schéngt ee weidert Geschoss ofgefaangen. Een Zeien huet der AFP géigeniwwer vun enger Explosioun a vill Damp am Himmel geschwat. Dem Verdeedegungsministère vun de Vereenegten Emirater no wier et eng Attack vum Iran op de Golfstaat gewiescht. D’Airline Emirates huet nom Virfall bis op Weideres all Flich vun an op Dubai gestoppt.
Israel huet eegenen Aussoen no weider “grouss Ugrëff” op déi iranesch Haaptstad Teheran lancéiert, dat nodeems Israel och attackéiert gi war. Den Iran mellt, bei den israeeleschen Ugrëff wieren e Samschdeg op d’mannst aacht Leit ëm d’Liewe komm. Israel huet eegenen Aussoen no iwwer 80 Kampffligeren am Iran agesat, déi Ziler zu Teheran an am Zentrum vum Land viséiert haten. An der Nuecht op e Samschdeg ware Flame vum Internationale Fluchhafen an der iranescher Haaptstad ze gesinn an um fréie Samschdeg de Moien hunn AFP-Journalisten och nei Explosiounen am Bahrain an zu Dubai gemellt.

D’israeelesch Arméi huet annoncéiert, elo an déi nächst Phas iwwerzegoen. Et géif drëms goen, den iranesche Regimm a seng Waffekapazitéite weider ze reduzéieren. Iwwer d’US-amerikanesch Regierung gëtt ee gewuer, d’Militär vum Iran wär staark geschwächt an dass d’iranesch Rakéitenattacke schonn ëm 90 Prozent zeréckgaange wären. Iwwer 30 Schëffer vun der iranescher Marinn wäre futti gemaach ginn a wären deemno net méi operabel. Experten no huet den Iran allerdéngs zegdausend Dronen a kann och op déi informatesch Ënnerstëtzung vu Russland zielen. Den US-President Trump huet e Freideg erkläert, de Krich géif nëmmen duerch eng “bedéngungslos Kapitulatioun” vun den Uféierer zu Teheran op een Enn goen.
Israel reprochéiert dem Iran iwwerdeems, Stréibommen anzesetzen - Waffen, déi esouguer an deem bluddege Kontext méi ewéi ëmstridde sinn. Bei dësem Typ vu Munitioun gëtt et besonnesch dacks sougenannten “Blindgänger” déi net direkt explodéieren an esou déi zivil Bevëlkerung och nach Joerzéngten no engem Konflikt gefäerde kënnen.
Wat d’EU ugeet, esou warnt de Iran Europa virun enger Amëschung. Sollten d’Europäer sech den Loftattacken vun den USA uschléissen, missten si mat Revanche rechnen, esou en héichrangege Representant vun der iranescher Regierung an engem Interview mat der franséischer Chaîne France 24.
Den Iran huet och ferm Kritik geäussert, dass d’USA sech an d’Nofolleg vum eliminéierte Leader Ayatollah Ali Chamenei amësche wëll.
Den US-President Trump huet iwwerdeems annoncéiert, nees méi Waffen ze produzéieren. D’Vereenegt Staaten hunn Israel awer och eng 12.000 Bomme verkaaft, dat fir ëmgerechent ronn 150 Milliounen Euro.