Awunner no wier et déi bis ewell schlëmmste Nuecht gewierscht, wat d’Attacken ugeet. E Resumé vun de leschte 24 Stonnen am Iran-Krich vum Petz Bartz.
Eng ugespaante Rou um Freideg de Moien zu Teheran op de Biller vun der internationaler Noriichtenagence Reuters, iwwerdeems déi 10-Milliounen Awunner Metropol bal eng Woch Loftattacken hannert sech huet an déi aus der leschter Nuecht Aenzeie no déi schwéierst gewiescht solle sinn. De 7. Dag vum Krich op den Iran ass awer fir d’Geschichtsbicher och ee weideren Dag ouni Beweiser, dass Iran jeemools e nukleare Waffeprogramm hat.
Op de soziale Medien, dem beléiftste Kommunikatiounskanal vum Donald Trump, gëtt d’Welt gewuer, dass just eng komplett Kapitulatioun a Fro kéim, amplaz vun allen diplomatesche Beméiungen. Doriwwer eraus wéilt d’Wäisst Haus och matschwätzen, wat de nächste Staatschef vum Land ugeet.
Am Oval Office woren iwwerdeems eng Rëtsch evangeelesch Paschtéier zesummekomm – prominent Televangelisten dorënner, mat eegenen Televisiounsemissiounen – fir ronderëm säi Pult, dem Resolute Desk, dem Trump de Seegen ze ginn, dee Krich ze féieren.
Israel féiert en den Ament zu Beirut, wou de Quartier am Süde vun der Stad, d’Héichbuerg vun der Hezbollah, carrément en “Uerder” krut vun Israel z’evakuéieren.
Volker Türk – UNO-Mënscherechtskommissär: Fir de Moment schwätze mer, mat dëse pauschale, massiven Uerder fir d’Evakuatioun, vun Honnertdausende Leit. Ons Mataarbechter um Buedem sinn Zeie vu Panik, Leit, déi net wësse wouhin, fir wéi laang. Dat ass extreem bedenklech ënnert internationalem Recht an apaart, wann et dobäi ëm Zwangsevakuatioune geet.
De libaneseschen Autoritéite no si bis ewell 123 Awunner bei de rezenten Attacken op déi libanesesch Haaptstad ëm d’Liewe komm.