
Zanter e Méindeg goufe méi wéi 450 där Kontrolle gemaach, dat op der oppener Strooss wéinst onnéidegen Deplacementer, mä och vu Geschäfter, Restauranten a Caféen. Wie sech net un d'Mesuren hält, gëtt sanktionéiert.
Am Fall vun engem Noutfall steet d'Police de Bierger 24/7 zur Verfügung. Bei net dréngenden Uleiesse soll ee sech via Telefon oder E-Mail bei de Kommissariater mellen.
Kommissariater, déi den Ament ophunn, sinn:
- Stad Lëtzebuerg (1, rue Marie et Pierre Curie)
- Dikrech (8, rue Alexis Heck
- Esch/Uelzecht (104, boulevard Kennedy)
- Gréiwemaacher (48, rue de Machtum)
