"Vigilance Rouge" wéinst Hëtzt436 Leit hate sech ageschriwwen, fir datt een no hinne kucke kënnt

RTL Lëtzebuerg
Eng parlamentaresch Fro vun der LSAP hat sech mat der Canicule beschäftegt.
© JENS BUTTNER/dpa Picture-Alliance via AFP

Déi grouss Hëtzt ass aktuell jo emol eriwwer, ma Mëtt Juni haten déi staatlech Autoritéite jo eng "Vigilance Rouge" ausgeruff, well d'Temperaturen iwwer 40 Grad geklomme waren.

Zanter 2015 gouf esou eng rout Alerte just véier Mol wéinst héijen Temperaturen ausgeruff. Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir.

Iwwregens hate sech dëst Joer 436 Leit an déi extra Lëscht ageschriwwen, fir dass een no hinne kucke kënnt. D'Regierung hat extra sensibiliséiert, dass eeler Leit iwwer 75, déi eleng liewen, sech bei deem Programm konnten aschreiwen. Eleng tëscht dem 18. an dem 29. Juni hätt een iwwer 4.700 Kontakter mat deene Leit gehat.

Back to Top
CIM LOGO