
E Freideg de Moie kënnt d’Police an hirem Bulletin op eng gréisser Verkéierskontroll zeréck, déi se en Dënschdeg op der A3 duerchgefouert huet, net wäit vun der Aire de Berchem.
Wéi laang d’Kontroll gedauert huet, a wéi vill Automobiliste kontrolléiert goufen, geet net aus dem Schreiwes vun der Police ervir.
Alles an allem goufen awer 43 Verstéiss géint de Code de la route festgestallt. Ganzer 23 Chauffere goufe protokolléiert, well se d’Covoiturage-Spuer genotzt hunn, obwuel se d’Viraussetzungen dofir net erfëllt hunn.
Bei véier Automobiliste goufen technesch Mängel un den Autoe festgestallt, sief et bei de Pneuen oder dem Auspuff, fir just déi ze nennen. Bei zwee anere waren et Aschränkungen, wat d’Siicht ugeet.
Bei dräi Chauffere waren d’Pabeiere vum Auto net an der Rei a bei zwee gouf et Problemer mat de Placken.
Véier Automobiliste sinn opgefall, well se geféierlech gefuer sinn, ee well en d’Rettungsgaass net fräigehalen huet, an zwee goufe protokolléiert, well se den Handy benotzt hu wärend dem Fueren.
Bei zwee Motocyclisten huet den Helm net de Virschrëften entsprach.