
Bannent de siwen Deeg vun der nationaler Campagne goufe vun der Police 43 Verwarnungen ausgeschwat, well de Sécherheetsgurt net richteg ugeluecht war oder a verschiddene Fäll de Kannersëtz net richteg am Auto ubruecht gouf. Nieft dem Gurt stoung dann och d’Fueren ënner Alkoholafloss, virun allem ëm d’Fueszäit, am Fokus vun de Kontrollen. Am Kader vun dëser Campagne gouf et an där Period am Ganzen 32 Verstéiss. An 28 Fäll gouf de Permis mat engem Bousgeld nach op der Plaz agezunn, bei deene véier anere gouf et e Protokoll.
D’Police mécht an deem Kontext nach eemol de Rappell, dat souwuel d’Net-Droe vun engem Gurt an och d’Fueren ënner Alkoholafloss, och wann et just eng kuerz Streck ass, grouss Gefore mat sech bréngen.