Déidlechen Accident Fridhaff/Lëpschent40 Joer ale Mann ass un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie koum et kuerz virun 8 Auer zu engem Accident mat 2 Gefierer op der N7 an der Géigend vum Rond-point Fridhaff.
© Domingos Oliveira

Wéi et vun der Police heescht, wieren déi 2 Chauffere schwéier blesséiert ginn. Ee vun hinnen, e Mann am Alter vu 40 Joer, ass un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen. D'Strooss huet misse fir den Trafic gespaart ginn.

2 Dikrecher Ambulanzen, de Samu an d'Pompjeeë vun Dikrech an Tandel waren am Asaz. D'Police an de Mies- an Erkennungsdéngscht waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO