
D’Police huet den 21. Abrëll zu Garnech a Kënzeg Alkoholkontrollen duerchgefouert. Am Ganze goufe 595 Automobilisten iwwerpréift. A véier Fäll war den Alkoholtest positiv. Zweemol gouf e Procès-verbal geschriwwen, an an zwee weidere Fäll kruten d'Chaufferen e Protokoll.
Nieft dem Alkohol huet d'Police och aner Verstéiss festgestallt. Sechs Automobiliste waren net mat allen néidege Pabeieren ënnerwee an de meeschte Fäll war de Contrôle technique ofgelaf. Zwee Chauffere konnte kee gültege Führerschäi presentéieren. Bei engem weidere Mann, deem de Permis scho virdrun entzu gi war, gouf den Auto saiséiert.