Paulette Lenert preziséiert4 Schüler aus 4 verschiddene Klassen hu sech noweislech an der Schoul ugestach

RTL Lëtzebuerg
Ëm d'Covid-Fäll am Enseignement geet et an der parlamentarescher Fro vun den CSV-Deputéierte Françoise Hetto-Gaasch a Claude Wiseler.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert preziséiert, dass (Stand 23. Oktober) 591 Klasse vu Fäll concernéiert waren, an deene sech 460 Schüler baussent der Schoul ugestach hunn, ouni dass de Virus sech an de Klasse verbreet huet.

145 Klassen, respektiv 173 Schüler ware vu Fäll betraff, bei deene maximal 2 positiv Fäll an enger Klass waren a wou net gewosst ass, wou de Schüler sech ugestach huet.

4 Schüler aus 4 Klassen hu sech dann noweislech an der Schoul ugestach.

D'Regierung huet iwweregens mobil Teststatioune virgesinn, déi an der Schoul kënnen agesat ginn.

PDF: Äntwert vum Paulette Lenert op parlamentaresch Fro vum Françoise Hetto-Gaasch a Claude Wiseler

Back to Top
CIM LOGO