Coronavirus zu Lëtzebuerg4 nei confirméiert Fäll, keng weider Doudesfäll

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 96 bleift.

Am Ganzen hu 96 Persounen d'Infektioun net iwwerlieft. Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 4 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.828.

Vun den 3.828 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.405 geheelt, 327 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 48.339 Tester gemaach.

Aktuell sinn 113 (-2) Patienten hospitaliséiert, 21 (-1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 851 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO