Samu op der Plaz4 Blesséierter bei Accident tëscht Béiwen an Harel
Géint 16.20 Auer e Sonndeg de Mëtteg hate sech op der RN26A tëscht Béiwen an Harel 2 Autoen ze pake kritt.
Wéi aus dem Bulletin vum CGDIS ervirgeet, goufen hei 4 Persoune blesséiert. D’Ambulanze vu Clierf, Rammerech, Réiden a Wolz, de Samu vun Ettelbréck an d’Pompjeeë vu Wolz an aus der Stauséigemeng waren op der Plaz.
Iwwerdeems mellt de CGDIS, dass géint 11.45 Auer en Auto zu Eppelduerf en Auto accidentéiert ass, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Ambulanz aus der Nordstad an d’Pompjeeë vu Miedernach, Iermsdref a Reisduerf waren hei am Asaz.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.