Inneministère deelt mat38 Persoune kruten am Mäerz de Statutt vum Refugié unerkannt

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vun den éischten 3 Méint vum Joer hunn dann och 218 Leit eng temporär Protektioun hei ugefrot.

318 Leit hu bis Enn Mäerz dëst Joer eng Demande fir eng international Protektioun hei zu Lëtzebuerg gestallt. Dat ass e gudde Krack manner, wéi zu deem Zäitpunkt an de leschte véier Joer. Am Laf vum Mäerz waren et 106 Demanden. Déi meescht dovun aus dem Sudan an aus Syrien.

38 Persoune kruten am Mäerz de Statutt vum Refugié unerkannt, 49 mol gouf et e Refus, sief et iwwert déi normal oder déi acceleréiert Prozedur.

Déi Zuelen huet en Donneschdeg den Owend d’Immigratiounsdirektioun aus dem Inneministère geliwwert.

Am Laf vun den éischten dräi Méint vum Joer hunn dann och 218 Leit eng temporär Protektioun hei ugefrot. Déi allermeescht, nämlech 208, aus der Ukrain.

PDF: Statistiques protection internationale 03 2026
PDF: Statistiques protection temporaire 03 2026

Back to Top
CIM LOGO