
Déi aller meeschten waren Eenzelfäll mat 266 Infektioune an 104 verschiddene Schoulen a 4 Kompetenzzenteren.
29 Fäll goufen am sougenannten Zenario 2 registréiert, mat zwou Infektiounen pro Klass. An am Zenario 3 goufe 16 Fäll an 7 Schoulen erfaasst. Hei waren 3 bis 5 Infektiounen an enger Klass opgetrueden.
Eng reegelrecht Infektiounsketten hunn d'Autoritéiten d'lescht Woch keng festgestallt.