Op www.chd.lu3 nei Petitiounen online, fir kënnen ënnerschriwwen ze ginn

RTL Lëtzebuerg
Et geet an den neie Petitiounen ëm Präisser vu Crèchen, en obligatoreschen Éischt-Hëllef-Cours an ëm de Pensiounsalter vu Ministeren an Deputéierten.

D'Leit hu bis den 23. Dezember Zäit, 4.500 Signatairen ze fannen, fir dass hir Petitiounen ëffentlech diskutéiert kënne ginn.

Ee Petitionär fuerdert eng Reduktioun vun de Präisser vun private Crèchen.

En aneren hätt gär, dass en Éischt-Hëllef-Cours obligatoresch gëtt, wann een de Führerschäi mécht.

An déi drëtt nei Petitioun wëll gär, dass Ministeren an Deputéiert obligéiert gi mat 65 Joer an déi politesch Pensioun ze goen, fir méi Jonke Plaz ze maachen.

Pétition publique n°2073 : Réduction du tarif des crèches privées

Pétition publique n°2074 : Éischt-Hëllefs-Cours vun 12 Stonnen wann een de Führerschäin fir Moto oder Auto mecht.

Pétition publique n°2076 : Retraite obligatoire pour les politiciens avec 65 ans

Back to Top
CIM LOGO