CGDIS3 Blesséierter bei 2 Accidenter um Mëttwoch den Owend

RTL Lëtzebuerg
Géint 20.30 Auer gouf et zu Péiteng an der Avenue de l'Europe en Accident, bei deem zwou Persoune blesséiert goufen.
© CGDIS

D'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Péiteng waren op der Plaz.

Kuerz virun 21 Auer ass tëscht Hierber an dem Pakebierg e Motocyclist mat senger Maschinn mat engem Wëllschwäin kollidéiert. De Chauffer gouf mat liicht Blessuren an d'Spidol bruecht. D'Wëllschwäin huet net iwwerlieft.
D'Pompjeeë vun Uesweller waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vun Iechternach.

Back to Top
CIM LOGO