Covid-Prevalenz-Tester3.750 Tester a 14 CIPA-Strukture goufe gemaach

RTL Lëtzebuerg
10 eeler Leit goufe positiv getest, bei 9 Mataarbechter war den Test och positiv - a béide Gruppe louche keng Symptomer vir.

D'Covid-Prevalenz-Tester gi jo nieft dem Bausecteur a fräiwëlleg bei de Primaner och a CIPAen uechter d'Land gemaach. Bis d'lescht Woch sinn a 14 Strukturen 3.750 Tester gemaach ginn: et goufen 80% vum Personal getest (2213 Leit) an 93% vun den eelere Pensionnairen (1537 Persounen).

10 eeler Leit goufe positiv getest, bei 9 Mataarbechter war den Test och positiv - a béide Gruppe louche keng Symptomer vir.

D'Resultater, op positiv op negativ, goufen de gepréifte Persounen an hiren Doktere perséinlech matgedeelt. Och d'Direktioune vun den Altersheemer kruten d'Resultater, fir eventuell noutwenneg Isolatiounsmesuren ze decidéieren.

Wann Demenz-Kranker getest ginn, gëtt d'Persoun informéiert, déi d'Tutelle iwwert dës Leit huet.

Wéi d'Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Spautz a Galles betount, wier net virgesinn, nach weider systematesch Tester an dësem Grupp ze widderhuelen.

Dëse Cluster-Test wier och net ausgeriicht, fir aner eeler Leit ze testen, déi Doheem wunnen, sou d'Paulette Lenert.

Back to Top
CIM LOGO