Stand Mëttwoch den Owend waren 279 vun engen 6.500 Residentë betraff. Déi Zuelen huet d'Familljeministesch Corinne Cahen vis-à-vis vun RTL genannt. Vun der Ministesch, genee wéi vun der Copas a vu Servior heescht et awer och, datt et vill Fäll ginn, bei deenen och déi eeler Leit keng Symptomer weisen, also guer net krank ginn.
Eng vun de Strukturen, an där et méi Fäll gouf, war déi vu Servior um Houwald. Do gouf deen éischte Fall Mëtt Oktober festgestallt. Servior huet dat ganzt Haus teste gelooss a praktesch d'Hallschent vun de Bewunner ware positiv, seet d'Nathalie Hanck, déi bei Servior fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass.
Ausléiser wier méi wéi sécher Pappendag gewiescht. En Dag, wou d'Leit erausgaange sinn a sech méiglecherweis net esou un d'Gestes barrières gehalen hunn.
Zënter e puer Deeg géif d'Zuel vun de positive Fäll um Houwald awer erëm erofgoen a vun e Méindeg u sinn och d'Visitten erëm op där Plaz erlaabt. D'Famille vun de Bewunner wieren iwwregens och zu all Ament iwwert d'Situatioun um Lafende gehale ginn.
Beim Personal an den Heemer vu Servior géifen et keng extrem Enkpäss ginn. Fir de Grupp schaffen iwwer 2.000 Leit a wann op enger Plaz méi Personal géif ausfalen, kéinten Ekippen aus anere Strukturen aushëllefen.
D'Vizepresidentin vun der Copas, d'Carine Federspiel, preziséiert, datt d'Leit aus der Reserve sanitaire och erëm ugeschriwwe goufen, fir op verschiddene Plazen auszehëllefen. Leit aus där Reserve sinn och schonn am Asaz.
