
Bei der Firma Chemolux McBride vu Féiz ass de Kollektivvertrag erneiert ginn. Dat confirméiert den OGBL an engem Pressecommuniqué.
E leeft elo bis Enn 2028 a concernéiert knapp 280 Salariéen, déi vu verschiddene Verbesserunge profitéieren. Et sinn zum Beispill 3 Haussen an der Pai vu jeeweils engem Prozent iwwer 3 Joer, méi Congé jee no Anciennetéit a verschidde Primmen.