Policekontrollen270 Persoune waren ouni Erlabnis wärend der Ausgangsspär ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet am Laf vun der leschter Woch eng 360 Kontrollen am Kader vun de Covid-Restriktiounen duerchgefouert, fir ze kucken, ob dës och agehale ginn.

A 25 Fäll goufen Restauranten, Caféen oder Butteker protokolléiert, well se déi virgeschriwwe Fermeture-Zäiten net respektéiert hunn. Déi meeschte Verstéiss goufen et an der Stad.

Zu Esch gouf e Lokal kontrolléiert, wou däitlech méi wéi déi erlaabten 100 Leit beienee waren an op verschiddenen Dëscher iwwer 4 Persoune souzen.

270 Persoune goufen dobäi erwëscht, wéi se onerlaabterweis no 23 Auer owes nach wärend dem Couvre-feu ënnerwee waren. Eleng 36 vun den 270 Amendements taxés goufen et e Freideg am Raum Ettelbréck-Dikrech bei enger gréisserer Kontroll, bei där d'Ausgangsspär am Mëttelpunkt stoung.

D'Police wäert och an Zukunft weider Kontrollen duerchféieren, fir ze kontrolléieren, ob géint de Couvre-feu an d'Corona-Mesurë verstouss gëtt.

Back to Top
CIM LOGO