
Et goufe queesch duerch d'Land Kontrollen bannent den Dierfer, op de Landstroossen an op der Autobunn gemaach.
E Samschdeg de Moie goufen z.B. zwee Automobiliste gepëtzt, déi op der A13 am Tunnel méi wéi 50 km/h ze séier waren. E Fuerverbuet war d'Resultat.
Zu Dikrech an der Ettelbrécker Strooss an an der Stad op der Areler Strooss goufen och Automobiliste protokolléiert, well se ze séier waren. Verschiddener kruten dobäi nach e Protokoll, well se sech net un d'Covid19-Restriktioune gehalen hunn.
Bei Kontrollen zu Esch an der rue d'Audun gouf bei engem Automobilist net just eng ze héich Vitess festgestallt, ma och den Drogentest war positiv.