De Kloertext25 Joer Télévie
Am Kloertext dréit sech en Donneschdegowend alles ëm de 25. Anniversaire vum Télévie.
Nieft Temoignagë gëtt op d’Kriibsfuerschung zeréckgekuckt an dorop, wat alles erreecht gouf a punkto Behandlungen, Heelungen, an och Klinicken. Wat ass alles méiglech vun Traitementer? Wéi huet sech d’Recherche entwéckelt, a wéi kann haut besser a méi effikass behandelt ginn? Gläichzäiteg ass Preventioun e grousst Thema, well de Liewensstil an d’Iessgewunnechte kënne souwuel bei Preventioun ewéi och wärend dem Traitement hëllefen, zum Beispill wat Zocker, Alkohol, oder Nikotin ugeet. Wou sinn nach Baustellen an der Politik, fir de Kriibspatiente méi entgéint ze kommen?
25 Joer Télévie an der leschter Emissioun vum Kloertext en Donneschdeg den Owend op der Tëlee.
Kloertext Spezial Télévie (16.04.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Eis Invitéen:
Dr. Guy Berchem, Onkolog a President vum Nationale Kriibszenter. © Alexandre Benavente
Dat 13 Joer aalt Constance hat en Hodgkin-Lymphom am 4. Stadium. © Alexandre Benavente
Dr. Sebastien Rinaldetti, Hemato-Onkolog. © Alexandre Benavente
D’Nancy Arendt hat schwaarzen Hautkriibs. © Alexandre Benavente
Eis Invitéen
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.