
Zanter dem Ufank vun der sanitärer Kris hunn d’RTL-Sitten, RTL.lu, RTL 5 minutes an RTL Today, méi wéi 23 Millioune Visitte (23.006.117) gezielt an et goufe bal 130 Millioune Säite (129.708.203) gekuckt. D’Zuel vun de Visitte gouf mat enger Hausse vun 225 % méi wéi verduebelt am Verglach zum Februar 2020 a bal verdräifacht am Verglach zum Mäerz 2019 (8.835.255 Visitten).

Wat déi gekuckte Säiten op deem lëtzebuergeschen, franséischen an englesche Site betrëfft, gëtt et och eng Erhéijung vun 185 % am Verglach zum Februar 2020.
Dës Zuele si gréisstendeels op de Liveticker "Coronavirus" zeréckzeféieren, deen op deenen dräi RTL-Sitten ageleet gouf. Op dëse Liveticker goufe 4.000 Kuerznoriichten an 1.500 Artikele publizéiert.
All d’Ekippe vun RTL soen Iech Merci fir Äert Vertrauen a si weider fir Iech do.
#zesummendoheem
#bleiftgesond
#bleiftinformeiert
#mirsifiriechdo