Police22 Verstéiss bei gréisserer Verkéierskontroll zu Munneref

RTL Lëtzebuerg
Vun Telefon um Steier bis kee gëltege Fürerschäin dobäi: E Donneschdeg goufen eng Partie Automobilisten am Kader vun enger Policekontroll protokolléiert.
© Police

Op 3 Schwéierpunkten hu sech déi 16 Beamten op der Plaz konzentréiert: D'allgemeng Verkéierssécherheet, déi national Verkéierssécherheetscampagne "Wanterzäit" an d'Bekämpfung vun der Abrochskriminalitéit.

2 Stonne laang goufen Automobilisten an der Route de Remich kontrolléiert. 22 Verstéiss huet d'Police gemellt. Ënnert anerem wéinst Telefon um Steier, kee gëltege Permis dobäi, kee gëltege Contrôle technique oder Luedung net richteg geséchert.

Fir d'Sécherheet op de Stroosse weiderhi garantéieren ze kënnen, wäert d'Police och an Zukunft reegelméisseg Kontrollen uechter d'Land duerchféieren.

Back to Top
CIM LOGO