
Domadder sinn et elo am Ganzen 21 Post-Büroen déi dovunner betraff sinn, wou d'Guicheten zou bleiwen.
Dëst sinn 3 Büroen an der Stad (Belair a Lampertsbierg), zwee zu Esch, mä och Post-Büroen ënnert anerem zu Kënzeg, Wuermer, zu Habscht, Leideleng, Sëll, Mamer a Rammerech, fir just dës ze nennen.
Éier ee sech an e Post-Shop respektiv an e Post-Büro deplacéiert, gëllt et sech um Internetsite vun der Post ze renseignéieren, wéini an op iwwerhaapt op ass.