Coronavirus zu Lëtzebuerg2 weider Persoune gestuerwen, vun 11.193 Tester waren der 265 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 675 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 124 Persounen hospitaliséiert, dovunner 30 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.898 aktiv Infektiounen an 53.748 Persoune gëllen als geheelt.

2.162 Persoune kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis, fir 333 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 51.457 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO