
Ewéi de gratis ëffentlechen Transport 2020 agefouert gouf, waren ronn 25.500 Billjeeë fir d'éischt Klass verkaf ginn. 5 Joer drop waren et 38.200. Eng Hausse vu bal 50%. Och d’Abonnementer fir ee Mount si liicht an d’Luucht gaang, iwwerdeems déi fir ee Joer liicht erofgaang sinn op just 200.
Interessant ass och, datt den Taux d’occupation vun der éischter Klass just tëscht 10 a 16% läit. An der zweeter Klasse sinn däitlech méi Plaze besat: jee no Strecke variéiert den Taux hei tëscht 38 a 96% fir d’Linn Lëtzebuerg - Metz.
D’Ministesch ënnerstraicht awer, datt Zuchbegleeder spontan Leit aus der zweeter Klass Plazen an der éischter kënnen ubidden, wann déi zweet Klass iwwer- an déi éischt Klass ënnerbesat ass.
Am Duerchschnëtt sinn 13% vun de Plaze fir d’éischt Klass reservéiert.