Police2 Führerschäiner an der Nuecht op e Méindeg agezunn

RTL Lëtzebuerg
Tëscht 2 an 3.30 Auer um Méindeg huet d'Police mussen 2 Automobilisten de Führerschäin ofhuelen. D'Grënn waren Alkohol a Vitess.

Géint 2 Auer ass an der route de Luxembourg zu Hielem en Automobilist opgefall, wéinst dem dach spezielle Fuerstil. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.

Géint 3.30 Auer gouf e Chauffer op der A7 op der Héicht vu Luerenzweiler mat enger Vitess vun 142 km/h gemooss. Op där Plaz sinn awer just 90 km/h erlaabt. Domat war och hei de Führerschäin fort.

Back to Top
CIM LOGO