Op eise Stroossen2 Accidenter mat all Kéier engem Blesséierten um Sonndeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg de Moie mellt de CGDIs dann och nach en Accident ouni Blesséierten an e Brand vun engem Stall.

Um Sonndeg géint 18.45 Auer krute en Automobilist um Boulevard de la Pétrusse an der Stad e Gefier, wat op der Säit ofgestallt war, ze paken an huet duerch deen Impakt nach zwee weider Autoe beschiedegt. De Chauffer vum Auto koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Ma hien hat ze vill gedronk a säi Permis war fort.

Géint 19 Auer war an der Rue Goethe an der Stad e Chauffer duerch säi Fuerstil opgefall. Och hien huet wéinst Alkohol um Steier de Permis ofginn. 20 Minutte méi spéit ass zu Bieles en Automobilist an en ofgestallte Won gerannt, och hei war den erlaabten Alhoholpegel däitlech iwwerschratt.

Zu Héiweng an der Garnecherstrooss ass géint 22.20 Auer en Auto an eng Mauer gerannt, och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Géint 9.30 Auer dunn um Méindeg war op der N12 bei Groussbus en Auto an e Bam gerannt, hei blouf et beim Materialschued. Keng Persoun gouf da blesséiert bei engem Brand an engem Stall zu Weiler an der Duarrefstrooss.

Back to Top
CIM LOGO