
Am Ganzen hunn 92 Persounen d'Infektioun net iwwerlieft. Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer.
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 18 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.802. Vun de confirméierte Fäll sinn der 3.080 Residenten.
Vun den 3.802 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.213 geheelt, 481 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 44.895 Tester gemaach. Zanter en Donneschdeg waren et der 2.252 an dovunner waren der 18 positiv.
Aktuell sinn 109 (-15) Patienten hospitaliséiert, 22 (-1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 841 (+12) Mënschen d'Spidol nees verloossen.
