Covid-Kontrollen170 Leit hu missen e Protokoll bezuelen, gréisstendeels wéinst der Ausgangsspär

RTL Lëtzebuerg
An der leschter Woch huet d'Police nees ronn 250 Kontrollen am Kader vun der Corona-Pandemie duerchgefouert.

A 85% vun de Kontrolle stoung d'Ausgangsspär am Fokus, ma och gréisser Usammlunge vu Mënschen an d'Respektéiere vun den Hygiènesreegelen an den Akafszentere goufe kontrolléiert.

An 8 Fäll hunn d'Beamte misse Protokoller ausschreiwen, well sech net un d'Reegele gehale gouf, dorënner eng gréisser Versammlung vu Mannerjäregen.

Ronn 170 Persounen hu missten a Protokoll bezuelen, a ronn 75% vun de Fäll war et, well sech net un déi gesetzlech festgehalen Ausgangsspär gehale gouf.

Back to Top
CIM LOGO