Immigratioun158 Persounen hunn am September eng Asyldemande gemaach, déi meescht aus Syrien

RTL Lëtzebuerg
Am September koumen am Ganze 158 Demandë fir eng Protection internationale eran, am August waren et der 68 manner.
© AFP Archivbild

Bis Enn September hunn am Ganze 785 Mënschen international Protektioun zu Lëtzebuerg ugefrot gehat. Zejoert waren et der bannent där Zäit méi wéi duebel sou vill. An de Méint wärend dem Confinement waren et mat 10 am Abrëll an 18 am Mee däitlech manner. Am Zanter August klammen d'Demanden nees méi.

D'Asyldemandeure komme virun allem aus Syrien, Eritrea, Afghanistan, Algerien, Irak, Tierkei, dem westafrikaneschen Guinea-Conakry, Nigea an aner Länner.

Fir dëst Joer goufe schonn 1.129 Decisioune geholl. 568 Mënsche kruten de Statut vum Refugié unerkannt, bal d'Hallschent also.

Transferten am Kader vum Dublin-Reglement goufen et der 84. Déi meescht a Richtung Däitschland, Frankräich, Spuenien an Italien. 59 Leit koumen am Kader vun där Prozedur op Lëtzebuerg.

Dëst Joer goufen et 65 Retoure vu Lëtzebuerg erfort, dovu waren der 47 fräiwëlleg a 18 forcéiert.

PDF: Schreiwes vun der Direction de l'immigration

Back to Top
CIM LOGO