
Ronn 35 Kontrolle goufen den Dag duerchgefouert. Iwwer 20 Protokoller goufe geschriwwen, well sech Etablissementer oder Geschäfter net un d'Virschrëfte gehalen hunn.
Ee Fall gouf et am Süde vum Land, well d'Personal an engem Liewensmëttelgeschäft géint d'Maskeflicht verstouss huet. Obwuel d'Mataarbechter dorop higewise goufen, dass de Port vum Mond- an Nueseschutz obligatoresch ass, hate si e puer Stonne méi spéit bei enger weiderer Kontroll nach ëmmer keng Mask un.
De Weekend iwwer goufe 50 Kontrolle vun der Police duerchgefouert, bei deenen zu Péiteng, Diddeleng an an der Stad eng Partie Verstéiss géint déi sanitär Moossname registréiert goufen. Virun allem Privatpersoune krute lescht Woch en Avertissement taxé, well si sech net un d'Ausgangsspär tëscht 23 Auer owes a 6 Auer moies gehalen hunn. Nieft dem Couvre-feu louch de Fokus vun de Policekontrollen och op dem Respekt vun de sanitäre Virschrëften an de Restauranten a Caféen. Am Ganze goufen et eng 150 Avertissements taxés.
Zu Wolz huet d'Police e Freideg den Owend missen intervenéieren. D'Beamten hu missen eng Privatparty opléisen, bei där ëm 20 Persounen ageluede waren.
Och an Zukunft wäert d'Police weider kontrolléieren, ob sech un d'Corona-Reegele gehale gëtt. Persounen, déi wärend der Ausgangsspär ënnerwee sinn, si gebieden, en Dokument bei sech ze hunn, dat dëst rechtfäerdegt (Certificat vum Patron oder zum Beispill e Fluchticket no oder virun enger Rees).
Méi Informatiounen iwwert d'Kontrollen am Kader vun den neie Corona-Mesurë kann een um Site vun der Police noliesen.

Goufen d'Covid-Reegelen agehalen? Mat der Police ënnerwee wärend der Spärstonn