Previsioune fir 2021140 Milliounen Euro méi an d'Keess wéinst CO2-Steier?

RTL Lëtzebuerg
An engem Schreiwes weist de Statec awer drop hin, datt déi Steier 2021 kaum en Impakt op déi ëffentlech Recetten huet.
© RTL Archiv

De Staat geet op Basis vun de Previsiounen iwwert d'Consommatioun vun de Pëtrolsproduiten dovunner aus, datt een dat anert Joer iwwer 140 Milliounen Euro méi, duerch d'CO2-Steier erakritt.

An engem Schreiwes weist de Statec drop hin, datt déi Steier 2021 kaum en Impakt op déi ëffentlech Recetten huet. E Sujet, mat deem sech och déi parlamentaresch Budgets- a Finanzkommissioun schonn Enn Oktober, op Demande vun der CSV, beschäftegt hat.

A sengen Iwwerleeungen nennt de Statec dräi Haaptgrënn, firwat dat anert Joer ënnert dem Stréch näischt iwwereg bleift.

Deen éischte Grond, deen de Statec nennt ass, datt manner Pëtrolsproduite verkaaft ginn. Hei gëtt fir dat anert Joer mat enger Baisse vun 8 Prozent gerechent, fir 2023 souguer mat enger Baisse vu 15 Prozent. An der Haaptsaach Sprit, dee Lëtzebuerg un Net-Residente verkaaft hätt. Beim Verbrauch vum Gas a vum Masutt rechent de Statec mat engem Minus vun 2 Prozent fir 2021 an engem Minus vu 4 Prozent fir 2023.

En zweete Grond firwat, datt d'CO2-Steier dat anert Joer keen Impakt op déi ëffentlech Finanzen huet, ass, datt dem Statec no och manner Tubaksproduite verkaaft ginn, schliisslech hëlt een nach gären déi eng oder aner Staang Zigarette mat, wann een op Lëtzebuerg tanke kënnt, mä wann den Tanktourismus zeréckgeet, gëtt et also quasi automatesch och e Minus um Tubak dee verkaaft gëtt.

Als drëtt Ursaach, firwat Enn 2021 ënnert dem Stréch näischt vun der CO2-Steier iwwereg bleift, nennt de Statec déi sozial Kompensatiounsmoossnamen, notamment de Crédit d'impôt. En éischten Impakt op d'Ëmwelt huet d'CO2-Steier duerchaus, esou de Statec. Wann een déi méi niddreg Consommatioun kuckt, kéint een dovunner ausgoen, datt d'Zäregasemissiounen d'nächst Joer ëm 6 Prozent falen, 2023 - well bis dohinner klëmmt d'CO2-Steier jo progressiv- géif et da bei den Zäregasemissiounen e Minus vun 11 Prozent ginn.

Néideg wier eng CO2-Steier also schonn, wann een d'Emissioune wéilt reduzéieren, ma als eenzeg Moossnam géif se net duergoen. Als weider Instrumenter nennt de Statec Subventiounen, e Bonus-Malus-System a verbessert energetesch Standarden. Dobäi kéimen dann nach aktuell Tendenze wéi d'Elektromobilitéit an den Télétravail.

De Statec wëll sech deemnächst an enger méi detailléierter Etüd domadder beschäftegen, wéi en Impakt déi Moossname kënnen hunn.

PDF: Schreiwes vum Statec

Back to Top
CIM LOGO