13 jonk Leit hu vu Mäerz bis elo un enger Formatioun deelgeholl an um Samschdeg hu si hiren Diplom an der Schwämm iwwerreecht kritt.
Als "Konfliktlotsen" schaffe si iwwer d'Summerméint a ginn op dës Manéier de Schwammmeeschter zur Hand.
Et heescht wëssen ze deseskaléieren, wann e Probleem tëscht de Clienten an der Schwämm opkënnt.