Coronavirus zu Lëtzebuerg12 nei confirméiert Fäll, keng weider Persoun gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 96 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 12 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.840.

Vun den 3.840 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.412 geheelt, 332 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 49.299 Tester gemaach, 960 Tester goufe bannent de leschte 24 Stonne gemaach.

© Santé

Aktuell sinn 111 (-2) Patienten hospitaliséiert, 22 (+1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 856 (+5) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

© Santé

Back to Top
CIM LOGO