PoliceDat 12 Joer aalt Sophia Vakova gëtt zënter dem Mëttwoch vermësst

RTL Lëtzebuerg
D'Meedche gouf fir d’lescht géint 18.30 Auer zu Diddeleng gesinn.
© RTL

D’Meedchen huet laang blond Hoer, ass ronn 1,50 Meter grouss an dréit e Brëll. Wéi et fir d’lescht gesi gouf, hat et eng sëlwer-gëlle Jackett mat Plommen, eng schwaarz-gro Joggingsjackett an eng schwaarz Box un. Et kéint sech méiglecherweis an der Géigend vu Schëffleng oder Esch ophalen.

All Hiweis soll un d’Police Diddeleng gemellt ginn um Telefon +352 244 69 1000 oder iwwer E-Mail: Police.DUDELANGE@police.etat.lu

Back to Top
CIM LOGO