Coronavirus zu Lëtzebuerg11 nei confirméiert Fäll, 2 weider Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 2 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 11 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.851.

Vun den 3.851 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.452 geheelt, 301 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 50.533 Tester gemaach, 1.234 Tester goufe bannent de leschte 24 Stonne gemaach.

Aktuell sinn 118 (+7) Patienten hospitaliséiert, 20 (-2) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 860 (+4) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO