Coronavirus zu Lëtzebuerg10 nei confirméiert Fäll, keng weider Doudesfäll

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 92 bliwwen ass.

Am Ganzen hunn 92 Persounen d'Infektioun net iwwerlieft. Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 10 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.812.

Vun den 3.812 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.318 geheelt, 402 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 47.460 Tester gemaach. Zanter e Freideg waren et der 2.565 an dovunner waren der 10 positiv.

Aktuell sinn 121 (+12) Patienten hospitaliséiert, 23 (+1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 845 (+4) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Back to Top
CIM LOGO