Coronavirus zu Lëtzebuerg10 Doudeger bäikomm, vun 797 Tester waren der 164 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt 10 weider Persounen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn. Insgesamt sinn dat elo 236 Doudeger.
© RTL

Aktuell sinn 211 (-10) Patienten hospitaliséiert, dovunner 46 (+5) op der Intensivstatioun. Aktuell ginn et 9.386 aktiv Infektiounen, 17.734 Persoune gëllen als geheelt.

10 Doudeger op engem Dag, déi op de Corona zeréckzeféieren sinn, hate mir bis ewell zu Lëtzebuerg nach net.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO