
Aktuell sinn 86 (-2) Persounen hospitaliséiert, dovunner 33 (-1) op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.492 aktiv Infektiounen. 64.727 Persoune gëllen als geheelt.
4.529 Mënsche kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis, fir 2.484 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 220.251 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,84. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.