Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Persoun gestuerwen, vun 911 Tester waren der 80 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 719 läit.

Aktuell sinn 122 (-1) Persounen hospitaliséiert, dovunner 20 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 3.069 aktiv Infektiounen a 55.709 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze goufe bis ewell 74.255 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO