
De Landwirtschaftsminister Romain Schneider huet no engem Joer Bio-Aktiounsplang net vill opweises, zu där Conclusioun kënnt d'Vereenegung fir Biolandwirtschaft, nodeems de Minister e Freudeg de Bilan gezunn huet. Mat elo 5 Prozent Bio-Landwirtschaft léich Lëtzebuerg am leschten Drëttel an der EU, bedauert d'Associatioun.
Et wier och verpasst ginn, d'Biobaueren an den Aktiounsplang mat anzebannen. Den neien Internetsite "bio2025.lu" géing een zwar begréissen, allerdéngs versteet een net, firwat hei och konventionell Betriber opgelëscht sinn.
An, och wann et op den éischte Bléck sou géing ausgesinn, wéi wann en decke Batz Geld géing an de Bioaktiounsplang bis 2025 investéiert ginn, géingen hei och Subventioune matgerechent ginn. Dës géingen awer onofhängeg vun deem Aktiounsplang ausbezuelt ginn.
Landwirtschaft: 5% vun der genotzter Fläch am Grand-Duché si fir Bio-Ubau reservéiert