CGDIS1 Blesséierte bei Accident zu Käerjeng, Bam op Stroumleitung zu Méischtref

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt en Accident tëscht zwee Autoen e Freideg den Owend kuerz virun Hallefnuecht zu Käerjeng. Eng Persoun gouf blesséiert.
© CGDIS

Am spéiden Nomëtten ass zu Méischtref e Bam op eng Stroumleitung gefall. Dat an der Dikrecher Strooss. Et gouf kee blesséiert, ma de Stroum war an där Géigend awer fir ronn 90 Minutten ënnerbrach.

Zu Wickreng huet et e Freideg am fréien Owend an enger Hal gebrannt, heescht et weider am CGDIS-Bulletin. Och hei gouf keen blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO