Coronavirus zu Lëtzebuerg1.605 confirméiert Fäll, Zuel vun Doudesaffer klëmmt op 15
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 6 an d'Luucht gaangen ass.
1.605 confirméiert Fäll a 15 Doudeger zu Lëtzebuerg
E Freideg hunn de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert déi nei Zuele matgedeelt.
D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 80 Joer, dat jéngste war 53 Joer al. Vun alle confirméierte positiv geteste Persounen zu Lëtzebuerg läit den Altersduerchschnëtt bei 46 Joer. 54% si Männer a 46% si Fraen. 1.453 si Lëtzebuerger.