Bëschbränn a gespaarte Stroossen an der Gironde (F)"Wann eng Evakuatioun géif kommen, gëtt dat komplizéiert", seet de Jo Troian

Claudia Kollwelter
Südfrankräich ass jo bekanntlech och eng beléiften Vakanzen-Destinatioun bei de Lëtzebuerger. Mat zwee hu mer en Dënschdeg telefonéiert, déi alle béid aktuell an der Gironde sinn, fir ze froen, wéi si déi aktuell Situatioun mat erliewen.
This photograph shows the closed A63 highway near Belin-Beliet, southern of Bordeaux on July 26, 2026 as a wildfire has been ravaging the forest north of the Arcachon Basin (Gironde) since July 22.
D'Foto weist d'Autobunn A63 bei Belin-Béliet südlech vu Bordeaux. Si gouf den 22. Juli wéinst de Bëschbränn fir den Trafic gespaart.
© AFP

Temoignagen aus Südfrankräich / Reportage Claudia Kollwelter

De Jo Troian ass zanter bal 20 Joer all Summer fir puer Méint zu Belin-Béliet eng 40 Kilometer südlech vu Bordeaux an der Vakanz an huet déi schro Bränn scho 2022 materlieft. Deemools huet hien och mat senger Fra missen evakuéiert ginn. D'Feier dëst Joer ass bis elo awer net esou no erukomm erzielt hien.

"Mir hu virun enger Woch ongeféier immens vill Damp gesinn, op eis duerkommen. Deen ass südlech vun eis komm, wann de Wand gedréit huet awer och aus dem Norden."

© Jo Troian

Bis elo wier et awer och beim Damp bliwwen. An den Apdikten kritt een dofir aktuell och gratis Masken, fir sech ze schützen. D'Informatioune wieren net ëmmer ideal, bedauert de 75 Joer ale Lëtzebuerger, deen och nach ëmmer beonrouegt ass, well een net wéist, a wéi wäit de Wand dréinen géif:

"Wann eng Evakuatioun géif kommen, gëtt dat komplizéiert. Well d'Haaptstrooss Richtung Norden zou ass. D'Autobunn ass gespaart ab 60 Kilometer. Et wier also schwéier, fir séier fortzekommen."

D'Julie Dolar studéiert u sech zu Bordeaux, schafft de Summer iwwer awer op engem Camping an der Gironde. En Dënschdeg sinn eng 4.000 Touriste preventiv evakuéiert ginn:

"Ech mengen, datt mir och evakuéiert ginn, soss hätte mer net gesot krut alles ze packen. Ech mengen awer net datt et hei brenne wäert, well mer sou no beim Mier sinn. Mee wéinst der Canicule an dem Wand, dee gedréit huet, mengen ech datt et aus Preventioun awer zu enger Evakuatioun kënnt."

Souwuel déi 22 Joer al Studentin wéi och de Jo Troian a seng Famill hunn awer schonn d'Wallisse prett fir de Fall, wou d'Situatioun sech awer nach verschlechtere géif a si fort mussen.


De ganze Reportage mat der Julie Dolar fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO