Fir sech Buedemschätz ze verschafen, ass et vun elo u méiglech ouni UNO-Mandat aner Länner z’iwwerfalen an auslännesch Staatscheffen z’entféieren. D’USA hunn et virgemaach an de Modell dierft elo och vun anere Weltmuechte kopéiert ginn. Et ass méiglecherweis den Ufank vun enger neier Weltuerdnung, wéi de Petz Bartz am Gespréich mam Dr. Michel Erpelding vum Max-Plank-Institut zu Frankfurt gewuer gouf.
Mat Sécherheet war den Nicolás Maduro net legitim a Venezuela un der Muecht, mee duerch Walmanipulatioun. Et steet nawell net enger anerer Natioun zou, dës Situatioun ze korrigéieren. Mee d’USA sinn an der Geschicht ëmmer erëm a Südamerika intervenéiert – vu Pinochet iwwert Iran-Contra-Affär – a si beruffe sech dobäi op déi sougenannt Monroe-Doktrin aus dem 19. Joerhonnert, déi se dat ganzt 20. Joerhonnert duerchgezunn hunn.
Dr. Michel Erpelding – Max-Planck-Institut, Frankfurt am Main:
“Nieft Beräicherung geet den Donald Trump domat géint d’Selbstbestëmmungsrecht, dat all Natioun zousteet. D’Zil ass d’Hegemonie iwwert déi komplett westlech Hemisphär an zu där gehéiert net nëmme Venezuela, mee och Grönland, Kanada, de Panama-Kanal an de ganze Rescht.”
Europa géif domat verkommen zu engem Hannerhaff vun de Groussmuechten, dora passt och den Narrativ, dass Washington sech ëmmer manner mat der Ukrain befaasst oder e sougenannte Friddensplang op de Wee schéckt, dee vu Russland geschriwwen ass. Déi dräi Groussmuechte schénge sech eens, dass keen deem anere säi Spillverdierwer wäert sinn.
“Mir sinn an enger geféierlecher Situatioun a Punkto Vëlkerrecht, mee och a Punkto Rechtsstaat insgesamt”, sou de Michel Erpelding, Expert fir Vëlkerrecht am RTL-Interview. Fir hien ass kloer, datt dat wat den 3. Januar am Venezuela geschitt ass, géint d’Vëlkerrecht geet. An dat op zwee Niveauen: Et wier virop eng Violatioun vum Verbuet vu Gewalt, deen am Artikel 2 Paragraph 4 vun der UN-Charta steet. De Staat dierf net einfach en aneren ugräifen, ausser am Fall vu Selbstverdeedegung oder mat engem Mandat d’arrêt vum UN-Sécherheetsrot.
Béides war bei Venezuela net de Fall.
Et kéint een och net einfach esou en anere Staatschef verhaften, well een als Staatschef eng absolut Immunitéit huet. Ausname wiere Mandat-d’arrêten, déi vum internationale Strofgeriichtshaff gesprach goufen, wéi zum Beispill géint de russesche President Wladimir Putin oder den israeelesche President Benjamin Netanjahu.
Wann et Kontestatioune géint Staatscheffe ginn, missten déi intern gereegelt ginn, erkläert de Michel Erpelding. Et wier net un anere Länner, sech do anzemëschen an ze bestëmmen, wien d’Soen huet a wien net.
D’USA hätte kee Recht ze soen, de Pëtrol aus dem Venezuela géif hinne gehéieren oder se wéilten deen. Och bei de Ressourcë vun engem Land géif d’Selbstbestëmmungsrecht gëllen, wat esou vill heescht, wéi datt d’Vëlker permanent d’Souveränitéit iwwert hir natierlech Ressourcen hunn. D’Vollek kann also bestëmmen, wat domat gemaach gëtt, ob déi Ressourcë vum Land selwer exploitéiert ginn oder vun auslännesche Compagnien, oder awer guer net exploitéiert ginn. An domat si mer dann och bei Grönland, déi d’Pëtrolsreserve jo net wëllen exploitéieren, fir d’Ëmwelt ze schützen.
Grönland ass jo eng dänesch Kolonie, an Dänemark huet 1951 e Vertrag mat Amerika geschloss, deen den USA militäresch Rechter gëtt. Den US-President Donald Trump wéilt awer méi wäit goen an net just déi militäresch, mee d’ganz Kontroll hunn, also och déi politesch a wirtschaftlech, betount de Michel Erpelding, dee vun enger absolutter Violatioun vum Selbstbestëmmungsrecht vun de Grönlänner schwätzt. Si wieren déi eenzeg, déi kënnen decidéieren, wat mat hirem Land geschitt, genee wéi et fir all déi aner Länner och de Fall ass.
De Michel Erpelding erënnert an deem Kontext och un d’Geschicht vum Grand-Duché. 1867 sollt Lëtzebuerg jo duerch den hollännesche Kinnek u Frankräich verkaf ginn. Zu där Zäit gouf et iwwerdeems nach kee Selbstbestëmmungsrecht vun de Vëlker. Am nämmlechte Joer gouf Alaska vun de Russen un d’USA verkaf, sou nach den Expert fir Vëlkerrecht.
Haut wier dat net méi méiglech an et kéint een net Länner verkafen, wou en anert Vollek drop ass. Och Dänemark kéint den USA Grönland net verkafen, well déi eenzeg Leit, déi decidéiere kéinten ob se ënnert amerikanesch Souveränitéit wéilte kommen oder net. d’Grönlänner wieren, betount de Michel Erpelding.
Den Donald Trump wéilt zréck an eng Zäit an där d’Vëlker keng Rechter haten a just déi grouss Muechten decidéiert hunn, wat mat de klenge Vëlker geschitt, seet de Michel Erpelding iwwerdeems nach a schwätzt vun enger geféierlecher Situatioun, an där och eng Partie international Institutiounen ëm hir Zukunft musse fäerten an Europa geopolitesch schlecht Kaarten huet. Dat géif ee scho gesinn an de Pläng vun den USA, déi wéilte virschreiwen, datt d’rietsextrem Parteien eis Länner solle geréieren.
Europa hätt kee Plang fir dorop ze reagéieren, sou nach den Expert fir Vëlkerrecht am RTL-Interview.