
Am Mee sinn a Spuenien sinn den Autoritéiten no 101 Persoun wéinst der Hëtzt gestuerwen. Dat sinn der esouvill ewéi nach ni virdrun, zanterdeem a Spuenien eng offiziell Statistik zu den Hëtzt-Doudege gefouert gëtt. D'leschte Mount sinn am Land 3,6 Mol esou vill Leit wéinst deenen héijen Temperature gestuerwen ewéi dat bannent de leschten zéng Joer an der Moyenne am Mee de Fall war, heescht et vum Spuenesche Gesondheetsministère.
Et sief gesot, dass et sech bei der Zuel vun de Leit, déi wéinst der Hëtzt gestuerwe sinn, ëm Schätzungen handelt, déi op engem System baséieren, dee "Momo" genannt gëtt. An dëse gëtt all Dag d'Zuel vun de Leit agedroen, déi a Spuenien gestuerwe sinn. Dës gëtt duerno op der Basis vun historeschen Donnéeë mat der Zuel vun de Stierffäll, déi regulär ze erwaarde sinn, ofgeglach.
Am Mee goufen an enger Partie spuenesche Stied Temperaturrekorder gemooss. Besonnesch am Norde vum Land war et iwwer e puer Deeg aussergewéinlech waarm fir e Mee.