Femizid a FrankräichFra mat 58 Stéch ëmbruecht, Partner sëtzt an Untersuchungshaft

RTL mat AFP
Zu Martigues am Departement Bouches-du-Rhône ass eng 25 Joer al Fra mat 58 Stéch ëmbruecht ginn.
© KLAUDIA RADECKA/NurPhoto via AFP

D'Fra war e Méindeg vun de Rettungsdéngschter an hirer Wunneng fonnt ginn. D'Personal vum Rettungsdéngscht konnt oppe Wonnen am ieweschte Beräich vum Kierper feststellen. D'Autopsie, déi méi spéit gemaach gouf, konnt 58 Wonne feststellen, déi duerch e spatzen oder schaarfe Géigestand verursaacht goufen. Déi meescht vun de Wonne waren am Beräich vum Broschtkuerf, dem Hals oder dem Kapp. Dem Parquet no deit dat drop hin, datt eng drëtt Persoun an d'Dot implizéiert war.

Wéi d'Rettungsekippen op d'Plaz koumen, war de Partner vun der jonker Fra an der Wunneng. Eegenen Aussoen no wier de Mann vun der Aarbecht heemkomm an hätt seng Partnerin vu sech a voller Blutt virfonnt. Hien hätt direkt d'Noperen alarméiert, fir ze hëllefen.

Duerch d'Enquêten an Indicen, déi op der Plaz fonnt goufen, gouf de Mann vun der Police festgeholl. E Mëttwoch koum hie virun den Untersuchungsriichter, deen de Mann wéinst dem Mordverdacht an Untersuchungshaft placéiert huet. Wéi den Parquet vun Aix-en-Provence matdeelt, géif de Mann weider zu senger Ausso stoen, datt hien net den Täter vun dëser Dot ass.

Zuel vu Femizide klëmmt a Frankräich

Leschten Oktober goufen d'Zuelen zu Femizide publizéiert. Am Kader vun enger Partnerschaft sinn dës tëscht 2023 an 2024 ëm 11 Prozent geklommen. Am Ganze goufen an deem Zäitraum bei eisen Noperen 107 Frae vun hirem Partner oder Ex-Partner ëmbruecht. Den Inneminister Laurent Nunêz hat deemools erkläert, datt déi Zuelen net z'erdroe wären a verséchert, datt een d'Police an deenen déidlechen Attacke komplett mobiliséiert géif.

Back to Top
CIM LOGO